Wëllkomm op eiser Internetsäit.

Hei kritt dir all Informatioun iwwert eis, eisen Sport an wat mir
Iech bidden kënnen.
Vill Spaass beim liesen an virun allem, kommt eis besichen !
Bis geschwënn
Neiegkeeten vum 16.05.2012
14 Biekerecher Starter, 22
Victoiren, déi 2 Platz (vun 7) bei der
Mannschaftswärtung : BRAVO
Den
12 Mäi war et erëm souwäit, zu Maacher gouf dat 2
Kampf - Nowuesturnéier gestart. 110 tapfer Kämpfer
sinn un den Start gaangen, dobäi Biekerech mat 14
Meedercher an Jongen vun ganz Jonk bis zu Mammen an
Pappen déi hier Grenzen mol wollten gewuer ginn. Fir
Biekerech mat sengem Head of Team den Ed, den
Traineren Marcel, Claude an Pascal sinn mer un den Start gaangen
an et sollt alt erëm eng Erfollegsstory ginn.
Den
Nowuescoachen Christophe an Elisabeth soen mer
speziell Merci fiir hieren Interessi an Ansatz den
se während den Turnéier gewissen sunn.
14
Kämpfer ; 22 gewonnen Kämpf hunn zum Schluss déi 2
Platz bei der Mannschaftswärtung bedeit an daat ass
fiir eisen Verain supper !!
Wann een bedenkt dass den Veräin
nach virun en puer Joer mat 2-3 Schüler op een
Turnéier gaangen ass, dass duerno keen vun eis
geschwat huet, ginn mer haut, jo haut ginn mer dank
eisen Sponsoren, dank eisen motivéierten Trainer an
eisem kompetenten Comité den ëmmer nei Turnéier
sicht an fënnt, dëst op national an international
Plang an kommen (bal) ëmmer Erfollegräich erëm Heem.
Mir denken dass sou Resultater
och eng Reklamm fir Gemeng Biekerech ass an dass eis
Gemeng bestëmmt houfereg op eis ass.
Léif Kämpfer, léif Coachen weider esou, diir sidd een Virbild fir dass
och anerer vun eiser Jugend sech trauen dësen Schrëtt
ze maachen an zu dëser Erfollegräicher Mannschaft
gehéieren.
Voila, an een puer Fotoen an
impressiounen fannd diir an der
Fotogallerie
.JPG)
TaeKwonDo Demo zu Hesper
Abrëll 2012
Zesummen Aarbecht mam
Sporstkrees
Attert
2012

Seit dem 14.01
bidden
mir zesummen mam
Sportskrees
TaeKwonDo
Kuren mat
Selbstverdeedegung am
Reidener Atert Lycée
un
Samschdes vun
9.00-11.00 fir Kanner vun 8-12 Joer

www.
sportkreesatert.lu
Wéider Info :
33, Grand-Rue
L-8510 Redange-sur-Attert
Tél.: +352 / 26 621 705
Taekwondo Open Télévie Cup 2012
E super Weekend fir een gudden
Zweck.
Um 5 Open Télévie Cup zu Namur konnten eis
Biekerecher iwwerzeegen. Samschdes huet
Martine déi 2 Plaz (2), Rafaela 4 (5) an
Yana déi 2 Plaz (vun5) am Poomsae gemaach.
Sonndes huet Yana déi 2 Plaz (2) an den Tom
Finale 1 Plaz (vun 3) am Kampf gewonnen. 283
Kämpfer hunn fir den Télévie vill gutt Laun
an Asaz gewisen.
Open Challenge Cup Tongeren vum 04.03.2012
Erfollegräichen Weekend fir den
TaeKwonDo Biekerech.
Um Open Challenge Cup zu Tongeren an der Belsch (483 Kämpfer aus 24 Länner)
huet den Tom Wampach dei 1 Plaz an der Kategorie
Jongen -32kg gewonnen. Ob der Photo sinn och
Tiffany Deviller (1Plaz Meedercher -36kg TKD
Stengefort) an Sophie Hasser ( 1Plaz Meedercher
-46kg TKD Centre)
Selbst Verteidegungsléiergang mam Jean-Claude zu Saarbrecken
den 04.03.2012

E gelongent Taekwondofest zu Biekerech.
Den Taekwondo Biekerech konnt dëst Joer ob sengem 2 Kannerturnéier fir déi
ganz kleng erëm 75 Kämpfer aus 7 Flam Veräiner
an der Sportshal zu Biekerech empfänken. Hei
goufen et nëmmen Gewënner. Bei gudder Stëmmung
hunn eis Kanner gewisen wat se kennen. E
groussen Merci un eis ganz Equipe an un eis
Mammen an Pappen déi gehollef un aus dem
Turnéier een grousst Fest fir ganz Famill ze
maachen
Nächste Rendez-vous bei eis ass den 02.03.2013
Lux Open 2012 zu Diddeleng
Succès fir eis
Traineren am speziellen dem Claude Gelhausen um
internationalen Turnéier zu Diddeleng
Haut konnt ob engem groussen Turnéier mat 293
Kämpfer aus 20 Länner den Michael Sanchez eng
excellent 1 Plaz (vun 2) an den Tom Wampach eng 3
Plaz (vun 13) erkämpfen.
Merci och un den Organisateur fir déi flott Ambiance
(Click
fiir méi Photo'en)
Ceinturesprüfung an Jacketten Iwwerreechung zu
Biekerech den 16.02.2012
No gepackter
Ceinturesprüfung sinn am Kader vun enger klenger Feier
och dei nei Jacketten vum TaeKwonDo Team Biekerech
iwwerreecht ginn. Mat Hëllef vum neien Haaptsponsor
Immo-Nord Guy Kartheiser konnt den Klub den Kanner flott
Jacketten an T-Shirten
uschafen déi si elo ob all hiren Aktivitéiten undoen.
Net ze vergiessen déi excellent Stëmmung vun den Kanner
wei se bei engem
Gedrénks
an engem Bréitchen konnten hir nei Ceinturen no der
Prüfung entgéint huelen.




Ausflug vun eiser Jugend
op Beefort den 12.02.2012

Den Steve (och wann een hien nett
gesait) huet ett sch nett huelen geloos matt der (grousser) Jugeng
spazéiren ze goen an duerno
Schlittschung fueren ze goen.
Sou wéi ett ausgesait muss ett
SPASS gemaach hunn !



Internationalen TaeKwonDo
Stage 2012 Harel
Den Stage zu Harel ass färdeg, an enner denen 80
internationalen TaeKwonDo'Ka waren och eis Kanner derbei.

Wann mer hier Gesichter kuken, muss ett vill Spass
gemach hunn
Eis Sponsoren:
Vun
dësem Joer un hunn mir déi aussergewéinlech Chance, dass mir
Sponsoren konnten fir eis gewannen.
Enn groussen MERCI un
eisen Haaptsponsor "Immo
Nord" souwéi un eis
Co-sponsoren.
Ouni Iech kéinten mir eis Jugendaarbecht net esou maachen wéi mir
eis dëst virgeholl hunn.
Léif
Leit, gitt mol an eis Rubrik "Sponsoren"
kucken an schenkt hinnen dat Vertrauen dat si eis schenken.
Een
groussen Merci nach eng Kéier
Den Komitee
Aktivitéiten zu Lëtzebuerg
13.05.2012
*12.05 Championnat débutants Grevenmacher
*17.05 Spillfest COSL
*10.11
Moselcup
*08.12
Landesmeeschterschaft Poomsae Steinfort
( à
confirmer)
*Unfängerturnéier 2013 den 2.März zu Biekerech
Turnéier am Ausland
*12.05
Saarland Open
*23.06
Amsterdam Open
*02.12
Sindelfingen
Stages
* Selbstverteidigungslehrgang der TU
SAAR
in Saarbrücken am 3.06.2012
*TKD Seminar
in Basel
mit Nuno Damaso 6 Dan and friends
am 9+10
Juni 2012
* TKD Lehrgang von Verein
Bierbach mit
Dr Markus Klein 4 Dan, Nuno Damaso 6 Dan und
Günter Hermann 7 Dan an 22.09.2012 in Blieskastel
*
6.10.2012 Stage Grevenmacher Poomsae et
Kyorugi
*
Stages Poomsae Steinfort
(reste à confirmer les dates)
Wichteges
Heimadder wellen Kanner, d'Elteren
an Mattarbeschter an (- rinnen) vum Comité mol MERCI soen fiir déi
gutt an zouverlässlech Arbescht déi den Marcel, den Claude, den
Pascal an den Steve während dem Training, op Turnéier oder Stagen
leeschten. Ouni Ierch steet an fällt een Klub wéi eisen. Mir sinn
Ierch wierklech Dankbar.
Merci Jungs !!
CEINTÜREPRÜFUNG !!
Opgepasst: Ab elo gett sech
intensiev fiir Prüfung den 7 Juli preparéiert. Ett ass wichteg dass
elo jiddereen op all Training ass.