TAEKWONDO TEAM BIEKERECH ASBL 

 

Wëllkomm op eiser Internetsäit.

Hei kritt dir all Informatioun iwwert eis, eisen Sport an wat mir Iech bidden kënnen.

Vill Spaass beim liesen an virun allem, kommt eis besichen !

Bis geschwënn

Neiegkeeten vum 20.02.2012

Ceinturesprüfung an Jacketten Iwwerreechung zu

Biekerech den 16.02.2012

 
No gepackter Ceinturesprüfung sinn am Kader vun enger klenger Feier och dei nei Jacketten vum TaeKwonDo Team Biekerech
iwwerreecht ginn. Mat Hëllef vum neien Haaptsponsor Immo-Nord Guy Kartheiser konnt den Klub den Kanner flott Jacketten an T-Shirten
uschafen déi si elo ob all hiren Aktivitéiten undoen.
Net ze vergiessen déi excellent Stëmmung vun den Kanner wei se bei engem
 
Gedrénks an engem Bréitchen konnten hir nei Ceinturen no der Prüfung entgéint huelen.

Ceinturesprüfung

Aktivitéiten zu Lëtzebuerg

Update 20.02.2012

* 25.02.2012 International Lux Open

* 03.03.2012 Nowuesturnéier zu Biekerech

Turnéier am Ausland

* 04.03.2012 Challenge Cup Tongeren

*10.03.2012 Télévie Cup Namur Poomsae

*11.03.2012 Télévie Cup Namur Kyorugi

Stage am Ausland

*TaeKwonDo Seminar zu Basel den 9+10 Juni 2012 (Pdf fiir eroofzelueden)

Divers

Generalversammlung vun der Flam (pdf)

Ausflug vun eiser Jugend op Beefort den 12.02.2012

Den Steve (och wann een hien nett gesait) huet ett sch nett huelen geloos matt der (grousser) Jugeng spazéiren ze goen an duerno

Schlittschung fueren ze goen.

Sou wéi ett ausgesait muss ett SPASS gemaach hunn !

Internationalen TaeKwonDo Stage 2012 Harel

Den Stage zu Harel ass färdeg, an enner denen 80 internationalen TaeKwonDo'Ka waren och eis Kanner derbei.

Wann mer hier Gesichter kuken, muss ett vill Spass gemach hunn

Zesummen Aarbecht mam Sporstkrees Attert

Ab dem 14.01 bidden mir zesummen mam Sportskrees TaeKwonDo Kuren mat Selbstverdeedegung am Reidener Atert Lycée un

Samschdes vun 9.00-11.00 fir Kanner vun 8-12 Joer

www. sportkreesatert.lu

Wéider Info : 33, Grand-Rue
L-8510 Redange-sur-Attert

Tél.: +352 / 26 621 705

(Den Kur ass AUSGEBUCHT, ett gett awer eng Wardelescht)

Hei déi éischt Impressiounen matt der Jugend !

Ett sin nei Photoen do !!

                   

Neien Sponsor

01.12.2011 : Mir sinn frou Iech matzedeelen ze kennen dass EIDA décidéiert huet eis ab elo ze ënnerstëtzen.

 

Eis Gemeng

Och wëllen mer hei mol eng kéier eiser Gemeng " Merci " soen. Fir déi optimal Trainingskonditiounen an Betreiung an der Hal, fir déi Finanziell Ënnerstëtzung an net ze vergiessen déi Materiell Ënnerstëtzung

Neien Trainer

24.11.2011 :Den Jean-Claude Gelhausen (1DAN) ab elo bei eis am Verain ass. Den Claude wärt Ierch an Zukunft hellefen besser am Kampf an bei der Selbstverteidegung weider ze kommen.

Claude mir sinn all frou dass och du lo zou eiser Trainermanschaft gehéiers. Mir wenschen der vill Spass bei eis.

Deng Trainingskollegen an den Comtée


Convention de la FLAM, Kukkiwon Luxembourg et l'LTU

La réunion du 14 novembre 2011 à 20.00 heures à l’Amphithéâtre de la COQUE qui avait comme objectif la réunification des différents clubs de taekwondo au sein de la FLAM a été un grand succès. En présence de 16 des 19 clubs de taekwondo du Luxembourg, les responsables de la FLAM, du Kukkiwon Luxembourg et de l'LTU ont apposé leur signature sur une convention fixant la réunification de ces 3 entités principales avec 16 clubs de taekwondo au sein de la FLAM. 

 Extrait vun der www.flam.lu Sait

 

D'TaeKwonDo Team Biekerech gewënnt beim Rheinland-Pfalz-Pokal

 
Den 5 November konnt TaeKwonDo Team Biekerech erëm een flotten Erfolleg vermelden.

Den Tom Wampach huet an der Klass -30kg Lk1 an der Finale vum Rheinland Pfalz Pokal zu Bingen 13-0 géint een Géigner vun Wiesbaden gewonnen. Den Weekend war awer och super fir dat ganzt Flam - Team dat 7 Mol eng éischt Plaz, eng zweet Plaz an eng drëtt Plaz konnt erkämpfen.


 Eis Sponsoren:

Vun dësem Joer un hunn mir déi aussergewéinlech Chance, dass mir Sponsoren konnten fir eis gewannen.

Enn groussen MERCI un eisen Haaptsponsor "Immo Nord" souwéi un eis

 Co-sponsoren. Ouni Iech kéinten mir eis Jugendaarbecht net esou maachen wéi mir eis dëst virgeholl hunn.

Léif Leit, gitt mol an eis Rubrik "Sponsoren" kucken an schenkt hinnen dat Vertrauen dat si eis schenken.

Een groussen Merci nach eng Kéier

Den Komitee

An hei D'ausschreiwung vun eisem Turnéier fiir eroofzelueden.

Mir wenschen all eisen Kanner vill Spass bei deser éischter Erfahrung.

Bis den 3 März :-)

Kannerturnéier 2012 (download)

Hei nach e puer Präzisiounen zum Poomsae an zum Turneier Allgemeng

Ziel vum Turneier ass nët dei beschten Kämpfer vun all Klub kämpfen ze loosen mei genau dei Kanner dei ett nach ni (oder net oft) gemaach hunn

Bis 6 Cup inklusiv an max 14 JOER

Poomsae:

Ett ginn 2 Ronnen gelaaf

All Kand daat mattmecht kann sech an der eischten Ronn een Poomsae eraussichen deen ett wellt maachen

An der 2 Ronn muss ett deen Poomsae laafen deen ett fir seng Ceinture laut FLAM Regelen muss kennen (also kann ass ett Méiglech 2 Mol deen selweschten ze maachen, wann een daat wëllt)

Ett gëwennt keen, kritt awer eng Medaille an een Diplom

Kampf:

Kapptreffer sinn net erlaabt.

Gekämpt gett mat kompletter Schutzausrüstung.

All Kand kritt eng kleng Unerkennung fir sein Mutt

All Club deen matt mecht stellt w.e.g min2 Leit dei Säiten-Schiedsrichter sinn

2 prof. Schiidrichter sinn an der Mëtt (inklusiv Scoreboard)

All Kand soll Chance kreien 2 Kämpf ze maachen

All Kampf dauert 2*1.30 Minutten

Gewiichtsklassen :

-20kg, -24kg, -27kg, -30kg, -32kg, -34kg, -37kg, -41kg, -45kg, >45kg m/f

Pool- Lëschten ginn gemaach an Funktioun vun den Unmeldungen, vum Alter an Gewiicht vun den Kanner esou weit wéi Méiglech

MOIES ginn um 9.15 Kämpf un, sidd also VIRDRUN( 8.30-8.45) do, ett gett max 1Minute ob all Kand gewaart, duerno kennt automatesch deen nexten – mir mussen um 17.00 faerdeg sinn, well duerno Hall gebraucht gett.

MELLT IECH W.E.G. VIRUM 15.02 MAT AEREN KANNER UN ESOU KENNEN MIER BESSER PLANGEN

Fir weider info Ed Bousson email: tkd_beck@pt.lu

K1024_IMG_3307.jpg

Photo 2011