TAEKWONDO TEAM BIEKERECH ASBL 

Waat ass Taekwondo ?

Tae Kwon Do as eng Kampfkonscht déi virun 2000 Joer a Korea entwéckelt gin as, an haut och als modern Sport bedriwwe get. Am Tae Kwon Do gin keng Waffen agesat. De Géigner get mat Hänn a Féiss ofgewiert. Tae Kwon Do bedeit wiertlech: Fouss(Tae) – Fauscht(Kwon) – Wee(Do).

Den Tae Kwon Do besteet aus

Bewegungsformen (Poomse),

dem Kampf (Kirogi) an

dem Briechen (Kyopa).

De Poomse as eng Beweegungsfolleg déi den Taekwondoka virféiert. Hien kämpft dobei géint imaginär Géigner déi hien ugreifen. Dobei muss hien Ofwier- an Ugrëffstechniken no engem virgeschriwwenen Muster verbannen. Fir de Schüler bis den 1. Dan gin et 8 Bewegungsformen (Taeguk), fi rde Meeschter gin et der 9, déi all hiere spézifege Numm hun.

De Kampf get ouni Waffen, just mat Hänn a Féiss ausgefouert. Fir dëse Kampf ze beherrschen geet et net duer just de Fräikampf ze trainéieren. Och d’Virstufen wéi den ofgeschwate Kampf, den hallef.fräie kampf an d’Selbstverteidegung géint bewaffnet an onbewaffnet Géigner musse geübt gin.

Beim Briechen gin Brieder, Steng, Dachzillen, Eisbléck... futti geschloen fir déi psycheg Entwécklung festzestellen.

 

De Wee (Do)

De Prinzip vum Wee as eng Liewensastellung déi een duerch den Tae Kwon Do kritt. Sie léisst sech zesummefaassen mat de Begrëffer: Selbstdisziplin, Bescheidenheet Héiflechkeet a Respekt. All Dag as e Gécksdag, liew mat Sënn an iwwerlooss dem Gesetz vum Universum d’Resultat.

All Aktivitéiten vum Tae Kwon Do sin vir sech ze verteidegen, mee och d’Gesondheet, déi physech a psycheg Fitness gi verbessert an dat bis an den héigen Alter. Beim Training get all Deel vum Kierper gläichméisseg agesat. D’Konzentratioun bei, Training hëlleft de Stress ofzebauen deem mir all Dag ausgesat sin.

Obwuel am Tae Kwon Do als eenzeg Waff de Kierper agesat get, besteet d‘Méigelechkeet de Géigner durch 1 Schlag ausser Gefecht ze setzen. An Tae Kwon Do gin haaptsächlech Fousstechniken benotzt. D’Bewegungen si schnell, staark, präzis awer och ästetesch. Et as eng friddlech Konscht vun der Selbstverteidegung. D’Sportler déi Tae Kwon Do praktizéieren sin selbstsecher a kennen souwuel kierperlech wéi och geeschteg Disziplin. Hien as sech bewosst dass säi ganze Kierper eng Waff as fir en Ugreifer ofzewieren.

Et as eng wichteg Tatsaach dass den Tae Kwon Do de Charakter positiv verännert. Mam Training get d’Selbstbewosstsin méi grouss. De Codex verbitt ongerecht Ugrëffer an de Mëssbrauch vun der Muecht. Et get vill Wert op Bescheidenheet an Toleranz geluecht.

Seit dem Joër 2000 as Tae Kwon Do en offiziellen olympesche Sport.

Informatioune fir Ufänger

Tae Kwon Do kann een an all Alter léieren a praktizéieren. Fir Tae Kwon Do als Leeschtungssport ze bedreiwen fänkt een am beschten am jonken Alter un. Mee och am méi héigen Alter kann een et léieren. Kraaft, Ausdauer, Schnellegkeet, Koordinatioun a Beweeglechkeet get verbessert an erhaalen. Grad fir Kanne ras dëse Sport gudd. Kierpergefill, Spaass, Freed, Respekt, Toleranz a sozial Kompetenzen gin entwéckelt.

Duerch kierperlech Kraft, zesumme mam disziplinéierten Denken es et méigelech déi néideg Selbstsecherheet ze entwéckelen fir sech ze verteidegen. Virun allem Fraen bauen esou d’Angscht of fir Opfer vun engem Verbriechen ze gin.