
Am Dezember 1999 ass den Tae Kwon Do Biekerech gegrënnt ginn. Am
Januar 2000 wor dunn den éischten Training zu Närden an der
Multifunktionshaal. Well mer do awer een Steenen Buedem haten an
Verletzungsgefoor awer grouss wor, hunn mir dunn een Trainings-tatami
(Trainingsbelag) kritt.
Wéi dunn déi nei Sportshal zu Biekerech opgaangen ass, sinn mer dunn
och erageplënnert an trainéieren am Groussen Sportssall souwéi am
rouden Sall, den extra fir Kampfsportarten ausgeluecht ass.
Aktuell sinn mer zu 41 aktiv Memberen am Alter vun 6 bis 45 Joer,
trainéiert vun 1 Trainer an 2 Assistenten.
Den "ROUDEN SALL" 
Sportshaal ass hanner Biekerech vis-à-vis vun der Wasserfabrik
Jos Seyler Strooss L-8522 Beckerich Tél.: 23 62 21-890
Vun weem
Trainéiert gitt der vum Marcel Hermes 3 DAN WTF an dem Jean Claude Gehlhausen 1 DAN WTF, assistéiert vum Nora Schloesser 2 DOOM WTF an Pascal Fautsch 3 Kup.
Den Marcel,de Claude, d'Nora an den Pascal maachen schonns ganz laang Taekwondo an beherrschen all Disziplin exemplaresch fir Iech erfollegräich weider ze bréngen, egal op dir an Richtung Kampf oder Technik wëllt goen.
Den Marcel ass méi technesch orientéiert, hien ass spezialiséiert op den Poomse woubei der beim Claude alles waat Kampf an Selbstverteidegung ass léiert. Nora an den Pascal hellefen dann do wou déi 2 grad hellef brauchen fiir een optimalen training ze garantéiren.
Weini :
Dënschdes an der "Grousser Hal" (leschtenDrëttel)
Donneschdes am "Rouden Sall" (um 1ten Stack)
vun 18.15-19.15
Kanner an niddereg Gradéiert an vun 19.15-21.00 fir
Erwuessener an héich Gradéierter
Fier ween ?

Ab 6 Joer dierf een bei eis TaeKwonDo trainéieren an bei 99 Joer ass
esou lues Schluss.
Wat brauch ech ?
Fir unzefänken, lacker Sportskleedung. Trainéiert gett Buerféiss.
Duerno brauchs du een "Dobok" (Traditionell TaeKwonDo Kleedung),
dess kriss du am Veräin.
Den éischten Mount ass GRATIS
Sou kanns du probéieren op et Dir Spaass mëscht !